Welcome guest!

News

5 news found!
21 May 2012
Created by : Jean-Marie Kremer, Last modified by : Yoo Ja Ludwig (16/05/2012 09:03)
Klammpass-Test!
------------------------------------

Fir all déi, wou wellen de Klammpass maachen, fir escalade libre kënnen ze maachen.
Um 19:00 geet et lass an der Haal mam Françis.
Schreiwt iech w.e.g. beim Francis an (621163259).
19 May 2012 until 20 May 2012
Created by : Yoo Ja Ludwig, Last modified by : Yoo Ja Ludwig (07/05/2012 10:47)
Nei Ettelbréck, vum 19-20 Mee 2012

Fir eis Kees e bessi ze fellen, verkaafe mir Hamburger. Du fenns eis an der Foussgängerzone
beim Wanderscheid (net weit vum Bottermaart). Loss eis net am Stach. Mir kennen all Hellef
gebrauchen!

Fir all Info: Yoo Ja Ludwig, 661394045 oder yoojaoh@yahoo.com
7 May 2012 until 31 May 2012
Created by : Yoo Ja Ludwig, Last modified by : Yoo Ja Ludwig (07/05/2012 10:45)
Famillie-Klammen vu Mettwoch Owes

No engem éischte klengen Erfoleg, hällt d'Famillie-Klammen elo mol fir dess Saison op.
Mettwoch Owes ass da just nach Fräi Klamme mat Klammpass.
4 April 2012 until 31 May 2012
Created by : Yoo Ja Ludwig, Last modified by : Yoo Ja Ludwig (04/04/2012 17:06)
Dat gut Wieder ass nees do. Domat och nees d'Loscht fir an de Fiels. Denk drunn, däi
Permis d'Escalade fir Berdorf unzefroen!
Online op http://www.environnement.public.lu/guichet_virtuel/escalade/index.html
oder per Post mat eisem Download.
Natierlech hällt all Klammspann sech un d'Sëcherheetsregelen a klemmt mat Respekt.
Vill Spaass fir d'Saison!
26 May 2012 until 1 June 2012
Created by : Yoo Ja Ludwig, Last modified by : Yoo Ja Ludwig (12/03/2012 14:12)
"Enner Kollegen an de Vercors"

Wee geet mat?
Vu Samschdes, de 26. Mee 2012 bis Freides, den 1. Juni 2012 sinn de Mich Siebenaller an
de Jang Rischette zu
Presles am Vercors fir ze klammen. Wee matgoe well, an awer net autonom eens gëtt,
huet d'Méiglechkeet beim Bernard Gravier (guide de hautes montagnes) ee Stage ze
buchen. Den
Trajet bis dohin gëtt mat privaten Autoe gemaach a geschlof gëtt am Gîte beim Bernard.
Dir kennt iech bis de 15. Abrëll 2012 umellen. Fir weider Info: Mich, Tel: 994835
Info iwwer de Gîte an d'Präisser fir Stage fannt dir um Site: www.bernardgravierguide.com
Click to enlarge!
Partners
Site
optimized:
 Firefox 3.x +
 Safari 3.2.x +