Category: Neiegkeeten

Adultes: 2G+

 

Ab deser Woch ass et leider 2G+

 

Fir den Adultes KSE:

Schéckt iwwer TeamReach eng Foto vun äerem Pass wou drop steet dat dir 2/2 oder 3/3 hudd.

Déi Persounen déi nach kee Booster (3/3) hu mussen all Kéier SELWER ee Schnelltest matbréngen an deen an der Hal maachen.

Well mir net all Owend een do stoe kennen hunn, froe mir iech eng kuerz Video iwwer Whatsapp ze schécke (661394045) wou dir den negativ Test weist.

Dat ass elo déi bescht méigelegst Art a Weis déi mir ubidde kenne fir souvill wéi méigeleg Leit d’Méigelegkeet ze ginn eigenermoosse frei klammen ze kennen.

Fir den Escalade Adultes Surveillée:

Bréngt äere QR Code mat an ee Schnelltest deen dir op der Platz maacht am Fall wou dir de Booster nach net kritt hudd.

Teenies-Pré Adultes: 3G

« Folgend Persounen dierfen um Training a Gruppe vu méi wéi 10 Persounen an u Kompetitiounen deelhuelen, wann si ee Geimpft-, ee Geheelt- oder een Test-Certificat virweise kënnen, also ënnert dem « 3G » System:  Jonk Sportler an Arbitteren am Alter tëscht 12 Joer an 2 Méint an ënner 19 Joer, déi engem Veräin oder engem Sportverband ugehéieren »

 

Fir déi Kanner/Jugendlecher déi net geimpft oder geheelt sinn, brauche mir een TAAN- oder Antigen-Test.

Den Antigen Test deen d’Kanner 2x d’Woch an der Schoul maachen ass fir de Sport gülteg an dat 24 Stonnen.

Schreift ee Mail (yoojaoh@yahoo.com) oder eng WhatsApp Nochriicht (661394045)

mat folgendem Text:

« Ech versécheren dat mäi Kand __________ (Numm a Virnumm vum Kand) ënnert 3G um Training __________ (Dag an Numm vum Training) klemmt a kann am Fall vun net geimpft oder net geheelt d’Ergebnis vum Schoultest mat 24 Stonne Gültegkeet zu all Moment virweisen. »

Leider kenne mir keen ouni dëse Message um Training unhuelen.

Mir hoffen op är Hëllef a wënschen all de KSE-Klemmer ee flott Klammjoer.

 

2G

Fir kënnen am Escalade Adultes KSE ze klamme braucht dir den 2G.

Schéckt w.e.g de Message mat Numm a Viernumm op WhatsApp (661394045):

« ech klamme mat 2G an hu mäi QR a méng Carte d’Identité dobei falls se gefroot gëtt »

Mir setzen d’Lëscht Dënschdeg, 21. Dezember à jour.

Mir kënnen net bei gitferengem perséinlech nofroen.  Gitt dofir dëss Info onbedéngt weider an erënnert d’Leit drunn!

Merci fir äer Hëllef

 

De Kleesche kennt bei de KSE

Samschdes, de 4. Dezember 2021 dierfen all Kiddies an Teenies aus de KSE Trainingen um 10:30 an d’Hal sangen a klamme kommen.

De gudde Mann a säi Gesell hu bestëmmt ee Schocklasbëndchen an der Hatt dobäi.