Extra Adulte Training am Virklammen

Wéini:

Freides den 22. Oktober 2021 vun 19:00 bis 21:30

Wat: 

Fir Ufänger am Virklammen: Training fir d´Basis am Virklammen (Virklammen léieren, Ëmbauen fir am Fiels ze klammen, Sturztraining) ze leieren

Fir Leit déi well Virklamme kënnen: Training fir eng Regelméissegkeet am Virklammen ze kréien (Virklammen an de Voien, Uewen ëmbauen)

Mat Wiem:

Theorie an Initiatioun, sou wéi Surveillance mam Carmen

Fir Wien:

Adultes ab 17 Joer, Member am KSE oder net (Wann dir nach net Member am KSE sidd kascht et 10€, wéi déi normal Klammseancen. D´Suen den Dag selwer matbréngen)

Wat muss ech kennen:

Jiddereen, also och all Ufänger kann kommen, och wann dir nach ni virgeklomme sidd. Viraussetzung ass awer, dass dird’Basis am Klamme beherrscht (Gurt undoen, séchere mam GriGri, Knuet maachen). Den Training ass do fir iech d´Virklamme méi no ze bréngen (step by step). Wann dir scho virklamme kënnt, dann ass deen Training gutt als Opfrëschung a fir d´Regelméissegkeet am Virklammen.

Wat muss ech matbréngen:

Wann dir Klammgeschier (Gurt, Schong etc.) hutt, kennt dir dat matbréngen. Dir kritt Gurt a GriGri awer och op der Platz geléint. Seeler stinn zur Verfügung, hutt dir eent eegent, kennt dir dat gär matbréngen. Zousätzlech misst dir eng „Personelle“ (Bandschlinge 50-60cm + Karabiner) matbréngen. Déi braucht dir och spéider am Fiels.

Umellung ass Pflicht bis 24 Stonne virum Training per SMS (691 83 73 14) oder op Team Reach.

Oppassen, zu der Zäit ass da keen KSE Adulte Freiklammen

Comments are closed.