Päerecher (Dégaines) weg huelen

 

Freideg den 10. Mäerz huele mir all eis fix Päerecher vun der Wand.

Schreift iech schnell um TeamReach an a kommt zu vill mat Material (8-ter an 10-ter Schlëssel, Zaang, Klammmaterial) an Ausdauer!

Mir soen iech elo scho MERCI fir d’Hëllef!

Assemblée Générale 2023

De Comité vun der Klammspann Ettelbréck invitéiert häerzlech op d’Generalversammelung Freideg, den 3. März 2023 um 19:00 Auer, am Versammelungsraum vun der Sportshal zu Ettelbréck.

Klick hei fir den Ordre du Jour

Mir freeën eis op iech!

 

Adultes Klammen am KSE

Léif Memberen,

schnell nach iert mir an déi wuelverdéngte Feierdeeg gi wëlle mir iech puer Neiegkeete matdeelen, déi ab 2023 gülteg sinn.

Wéi dir festgestallt hutt wiisst de KSE a mir hunn doduerch eis Adultes Plage mussen iwwerdenken.

Anfänger, nei Memberen, Memberen déi Training wëllen, Memberen déi Autonomie sichen…mir hu probéiert fir gitfereen eng Platz ze schafen an hu sou gutt et goung mat den Zäite jongléiert déi eis niewent de Schoulen, dem Basket a de Kanner/Teenies Trainingen zur Verfügung stinn.

  • Wärend eisen Trainingen ass keen Escalade Adultes KSE méiglech.
  • Den Escalade Adultes KSE geet op verschidden Deeg bëssi méi fréi unn.
  • Ënnert eiser Spart « Trainingszäiten » fannt dir de Planning (klick hei fir bei de Plang)
  • Ënnert eiser neier Spart « Adultes » fannt dir eis Adultes Angeboter (klick hei fir luussen ze goen)

Et ass sécher kee Planning op Mooss fir all eenzelne mee mir si voller Zouversiicht dat dir all äert Klammgléck fanne kennt.

 

De Comité wënscht dem ganze KSE wonnerschéi Feierdeeg an ee ganz flott Klammjoer 2023.