Du klëmms eng Zäitchen a hues d’Gefill du kenns net méi weider am Niveau?
De KSE bitt senge Memberen d’Geleeënheet een Owend Tipps an Tricks vum Cyril Lapka ze kréien.
D’Formel ass einfach: du klemms an hie seet dir wourop dass du oppasse kënns a proposéiert dir wats du eventuell maache kanns fir däi Klammen ze verbesseren.
Dësen Owend riicht sech un all Adulte dee 5a oder méi klamme kann.
Et sinn 12 Platzen do. Mell dech iwwer TeamReach un!
!!! Falls deen Owend ausgebucht ass, mell dech trotzdeem un, da kenns du automatesch op eng Waardelëscht. Sou wësse mir dat d’Demande do ass fir eventuell een 2. Owend !!