De KSE geet op Fontainebleau (F) !
Klick hei fir all d’Detailer vum KSE Ausflug ze liesen!
Mell dech schnell un!
De KSE geet op Fontainebleau (F) !
Klick hei fir all d’Detailer vum KSE Ausflug ze liesen!
Mell dech schnell un!
De Comité vun der Klammspann Ettelbréck invitéiert häerzlech op d’Generalversammelung Freideg, den 3. März 2023 um 19:00 Auer, am Versammelungsraum vun der Sportshal zu Ettelbréck.
Klick hei fir den Ordre du Jour
Mir freeën eis op iech!
Léif Memberen,
schnell nach iert mir an déi wuelverdéngte Feierdeeg gi wëlle mir iech puer Neiegkeete matdeelen, déi ab 2023 gülteg sinn.
Wéi dir festgestallt hutt wiisst de KSE a mir hunn doduerch eis Adultes Plage mussen iwwerdenken.
Anfänger, nei Memberen, Memberen déi Training wëllen, Memberen déi Autonomie sichen…mir hu probéiert fir gitfereen eng Platz ze schafen an hu sou gutt et goung mat den Zäite jongléiert déi eis niewent de Schoulen, dem Basket a de Kanner/Teenies Trainingen zur Verfügung stinn.
Et ass sécher kee Planning op Mooss fir all eenzelne mee mir si voller Zouversiicht dat dir all äert Klammgléck fanne kennt.
De Comité wënscht dem ganze KSE wonnerschéi Feierdeeg an ee ganz flott Klammjoer 2023.