Tag: Ettelbréck

Test fir Escalade Libre, 14.12.2015

pass_stamp-3Méindeg, de 14. Dezember 2015 ass um 19:00 Auer een Test fir den Escalade Libre kennen ze maachen. All KSE-Member ab 16 Joer deen sech aschreiwe well, soll dem Francis Hansen eng SMS maache mam Numm, Virnumm a mam Gebuetsdatum (621 163 259).

Opgepasst: den Escalade Libre ass just fir d’autonomt Klammen an der Hal.  De Pass huet neischt mam Fiels ze dinn (Berduerf z.B.).

Vill Erfolleg

D’BD mobiliséiert sech fir den Nepal

nepal1D’Editioune « Place du Sablon » hunn eng BD rausginn, déi ee kaafe sollt, wann een de Leit aus dem Nepal hëllefe wëll. De 25. Abrëll 2015 sinn no engem Erdbiewe méi wéi 8000 Mënsche gestuewen.  Mat hierem BD-Style si Scénaristen an Zeechner aus der ganzer Welt dem André Taymans séngem Opruff nokomm an hu Biller an Texter raginn.  Déi 25€ ginn integral unn d’Rout Kräiz.

ISBN: 978-2-88936006-2