Tag: Klammpass

Adultes Klammen am KSE

Léif Memberen,

schnell nach iert mir an déi wuelverdéngte Feierdeeg gi wëlle mir iech puer Neiegkeete matdeelen, déi ab 2023 gülteg sinn.

Wéi dir festgestallt hutt wiisst de KSE a mir hunn doduerch eis Adultes Plage mussen iwwerdenken.

Anfänger, nei Memberen, Memberen déi Training wëllen, Memberen déi Autonomie sichen…mir hu probéiert fir gitfereen eng Platz ze schafen an hu sou gutt et goung mat den Zäite jongléiert déi eis niewent de Schoulen, dem Basket a de Kanner/Teenies Trainingen zur Verfügung stinn.

  • Wärend eisen Trainingen ass keen Escalade Adultes KSE méiglech.
  • Den Escalade Adultes KSE geet op verschidden Deeg bëssi méi fréi unn.
  • Ënnert eiser Spart « Trainingszäiten » fannt dir de Planning (klick hei fir bei de Plang)
  • Ënnert eiser neier Spart « Adultes » fannt dir eis Adultes Angeboter (klick hei fir luussen ze goen)

Et ass sécher kee Planning op Mooss fir all eenzelne mee mir si voller Zouversiicht dat dir all äert Klammgléck fanne kennt.

 

De Comité wënscht dem ganze KSE wonnerschéi Feierdeeg an ee ganz flott Klammjoer 2023.

 

Fräi Klammen, Test

Hei sinn déi nächst Datume fir de Fräiklammtest.

Adultes ab 17 Joer kennen drun Deel huele wa si dono autonom ausserhalb vun den Trainingszäiten an d’Hal klamme wëllen.

Mellt iech iwwer SMS beim Francis un (621163259)

  • Dënschdes, 12. November 2019 um  20.00 Auer
  • Dënschdes, 4. Februar 2020 um 20:00 Auer
  • Dënschdes, 5. Mee 2020 um 20:00 Auer

Escalade Libre, Test

 

Hei sinn d’Datume fir dës Saison fir den Escalade Libre Pass ze maachen an domat als KSE-Member, Adulte autonom ausserhalb vun den Trainingszäite klammen ze kennen.  Aschreiwe sollt dir iech beim Francis Hansen (Tel 621163259).

20. November 2018, 20:00 Auer

26. Februar 2019, 20:00 Auer

21. Mee 2019, 20:00 Auer

 

Test Escalade Libre

De 27. November 2017 ass um 19:00 een Test fir d’Escalade Libre kennen ze maachen.

  • Member am KSE sinn
  • min. 17 Joer hunn
  • säin eegend Klammmaterial hunn

De Schwéierpunkt leit op déi eege Sëcherheet sou wéi op d’Sëcherheet vu séngem Klammpartner.  Mell dech bis de 26. November beim Francis Hansen un (621163259).