Tag: KSE Open
Neiegkeeten
KSE Open 2010 : Wien hëlleft?
Léiw Klammspann,
Mam Fréijoer kennt och de KSE-Open, dee mëttlerweil schon zum festen Treff fir eis jonk
a manner jonk Kloterer gin ass.
All “Kiddies” an all “Teenies” kann de 25. Abrell 2010 op där Kompétitioun matmaachen,
fir mat virbäi ze sin, oder ganz einfach fir emol ze kucken, wou een drun ass a wat een
alles um Training geléiert huet. Mellt iech roueg un!
Mir sin awer, wéi all Joer, och immens frou iwer all Persoun, déi eis bei dëser
Manifestatioun hellefe kann, sief et beim Sëcheren, Schiedsrichten, beim Op- an Ofbauen
oder beim Verkaafe vun Iessen an Drénken.
Mir hun déi läschte Joeren och ëmmer kënne Kuch an Taart verkaafen, well Mammen a
Pappen eis dat eent oder anert matbruecht hun… Wien eppes baake well ass och dest
Joer härzlech wellkomm! Een décke Merci schon am Viraus!
Mir hoffe sou vill wéi méigeleg Klammspannen um Open rem ze gesin.
Neiegkeeten
KSE Open 2010 Kategorien
A. 1993 – 1994
B. 1995 – 1996
C. 1997 – 1998 (toprope)
D. av 1999 (toprope)
Unmeldung: Bis spéitsten den 22 Abrëll beim Yoo Ja yoojaoh@yahoo.com Tel:661394045 Informations et details voir download
Neiegkeeten
Open3 ze Ettelbreck
Open3 ze Ettelbreck. Mei Informationen kommen nach.
Klammen vir d’Kanner, an Speed Climbing vir dei Grouss.
Mir Freen eis, dech deen Daag ze Ettelbreck ze gesin.
Als Attachement: Actuel Informatiounen als PDF.