Tag: Training

Adultes Klammen am KSE

Léif Memberen,

schnell nach iert mir an déi wuelverdéngte Feierdeeg gi wëlle mir iech puer Neiegkeete matdeelen, déi ab 2023 gülteg sinn.

Wéi dir festgestallt hutt wiisst de KSE a mir hunn doduerch eis Adultes Plage mussen iwwerdenken.

Anfänger, nei Memberen, Memberen déi Training wëllen, Memberen déi Autonomie sichen…mir hu probéiert fir gitfereen eng Platz ze schafen an hu sou gutt et goung mat den Zäite jongléiert déi eis niewent de Schoulen, dem Basket a de Kanner/Teenies Trainingen zur Verfügung stinn.

  • Wärend eisen Trainingen ass keen Escalade Adultes KSE méiglech.
  • Den Escalade Adultes KSE geet op verschidden Deeg bëssi méi fréi unn.
  • Ënnert eiser Spart « Trainingszäiten » fannt dir de Planning (klick hei fir bei de Plang)
  • Ënnert eiser neier Spart « Adultes » fannt dir eis Adultes Angeboter (klick hei fir luussen ze goen)

Et ass sécher kee Planning op Mooss fir all eenzelne mee mir si voller Zouversiicht dat dir all äert Klammgléck fanne kennt.

 

De Comité wënscht dem ganze KSE wonnerschéi Feierdeeg an ee ganz flott Klammjoer 2023.

 

Léiwe Kleesche…

…gudde Kleesche, bréng eis Saachen allerhand…

Jo, jo, léif Kiddies, Teenies a Pré-Adultes ! De gudde Mann kennt Samschdeg, den 3. Dezember um 10:15 an d’Hal a wëll iech all klamme gesinn! Hien huet bestemmt och eppes fir eis Klammspannen dobei!