Adultes Training

Wéini: All Dënschdeg Owend vun 19:30 – 21:00 (net an de Schoulvakanzen an och net op Feierdeeg)

Fir wien:

1)     Leit, déi nach ni geklomme sinn an et léiere wëllen (Initiatioun, keen Niveau)

2)     Leit, déi séchere kënnen, mee nach am Ufank vun hirer Klamm Karriär stinn (Ufänger)

3)     Leit, déi scho méi laang klammen, mee d´Klamm an Technik Grondlage léiere/erweidere wëllen.

Inhalt:

-        +/- 10 Minutte gemeinsamt Opwiermen

-        Eventuell klamm spezifesch Übungen

-        +/- 80 Minutte ugepasste Grondlagen Technik Initiatioun

Reegelen:

-        Déi Leit vun der Plage virdrunner mussen um 19:30 ophalen, datt d’Initiatioun pünktlech ufänke kann. Oppassen, et kann een entweder op der “Escalade Adulte KSE” Plage klammen ODER op d’Initiatioun kommen. Béides geet net.

-        Déi Leit, déi un der Initiatioun deelhuelen, solle pünktlech do a prett sinn, wann d’Opwiermen um 19:30 ufänkt.

-        Déi Leit déi op d’Initiatioun kommen, mussen och de Programm vun der Initiatioun matmaachen.

-        No der Initiatioun kënnen déi Leit mat Klamm Pass nach bis 22:15 weider klammen.

Beispill vun engem Training:

-        Opwiermen + Rumpfstabilisatioun (10 Minutten)

-        Technik Erklärungen + Presentatioun vum Programm (5 Minutten)

-        Exercicer duerchféieren + Hëllef Stellungen (75 Minutten)

-        Stretching oder weider klammen (just mat Klammpass)

Den Haaptprogramm gëtt op d’Niveauen vun de Participanten ugepasst a besteet aus engem Mix vu verschiddenen Technik an Taktik Übungen (Placement des pieds, dynamique/statique, Endurance, Visualisation, Mouvements, etc.).

Umeldung:

 

Conditioun

Plazen

Umellung

Initiatioun

-      Kee KSE Member

-      Kee Klamm Pass

-      3x 10€ pro 3 éischt Séancen

6 Plazen

Mat Umellung per SMS op  691 81 61 74 mat     der Unzuel vun de Participanten*

Ufänger a Grondlagen-Initiatioun 

-       KSE Member sinn

-       Klamm Pass hunn

12 Plazen

Umellung iwwert TeamReach**

*Fir ze kucken ob nach genuch Plaze fräi sinn.

**Ouni Umellung ass d´Participatioun net méiglech.


Hei fënns du déi Informatiounen och als PDF fir erofzelueden: 

Adulte Initiation.pdf 59 KB