Author: Yoo Ja Ludwig

Nightclimbing – Nuetsklammen

Wou? An der Hal vum KSE.
Ab wéivill Auer? (Wann eng Persoun vum KSE-Team méi wees, kent daat heihiner stoen)

Daat soll ab 22:00 lass go’en. (jm)

Wichtig, de KLAMMPASS (kann een ab 16 maachen, wann een d’Conditiounen erfëllt) an
eng GÜLTEG MEMBERSKAART sin obligatorisch !!! (y-j)

Eng Stirluecht ass ze empfehlen, vir Partnercheck an och vir d’Secherung. (ms)

Eppes fir ze knabberen an ze drénken ass och net verkei’ert. (jm)

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen

Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen…
Jo, jo, léiw Kiddies an Teenies ! De gudde Mann kennt och nees bei eis Spannen !
Freideg, de 4. Dézember ass de grousse Moment, wou um 18:30 Auer all Kiddies an Teenies séng Tiitche siche ka kommen (natierlech just wann een sech gut geschéckt huet).
Mir hoffen iech all ze gesin.

Wichteg: Deen Dag fällt den « Adulte, escalade libre surveillée » aus !!!    

Open3 ze Ettelbreck

Open3 ze Ettelbreck. Mei Informationen kommen nach.
Klammen vir d’Kanner, an Speed Climbing vir dei Grouss.

Mir Freen eis, dech deen Daag ze Ettelbreck ze gesin.

Als Attachement: Actuel Informatiounen als PDF.