News
Virtrag: Beat Kammerlander
De KSE feiert 30 Joer an ass frou seng Memberen op ee flotte Virtrag anzelueden.
De Präis vu 50€ fir een Erwuessenen an 25€ fir ee Student begräift de Virtrag an d’Iessen (Entrée, 2 Plats, Dessert). D’Gedrénks ass separat.
D’Umeldung geet just iwwer Whatsapp oder Telefon (661394045).
Gidd d’Nimm an d’Virnimm un a sot Bescheed ob dir Vegetarier sidd oder eng Intoleranz oder Allergie hutt.
!!! Mellt iech schnell u well d’Platze begrenzt sinn.
Mir kënnen d’Unzuel nët iwwerschreiden !!!
Mir freeën eis iech deen Owend begréissen ze kënnen.
De Comité vum KSE
Hei fënns du méi Informatiounen zum Beat Kammerlander:
|
|
Virtrag_Beat Kammerlander.pdf | 6.813 KB |
KSE Fanshop
De KSE huet elo endlech säin eegene Merch!
A Kollaboratioun mat G-art verkafe mir Hoodies, Jacketten an T-shirts mat zwee ënnerschiddleche Logos: mat eisem Karabinner an eiser Klammspann.
Et gëtt eng grouss Auswiel u Faarwen a souwuel fir Erwuessener wéi och fir Kanner ginn et passent Gréissten! Och den Numm kann drop geprint ginn!
De Link fir op d'Säit vum Fanshop fënns du an der Rubrik Shop.
Reminder: Assemblée générale
Freideg, den 20. Mäerz 2026, um 19:00 Auer
am Versammlungsraum vun der Sportshal zu Ettelbréck.
Yoga
De KSE bitt 5 weider Yoga Sessiounen un!
- 18. Abrëll 2026
- 25. Abrëll 2026
- 2. Mee 2026
- 9. Mee 2026
- 16. Mee 2026
Participation aux frais: 25€ fir 5 Sessiounen.
Mell dech schnell iwwert Whatsapp oder SMS um 661 394 045 un!
Vill Spaass!
Assemblée générale - 20.03.2026
Mat grousser Freed invitéiert de Comité vun der Klammspann Ettelbréck op d’Generalversammlung 2026.
|
Freideg, den 20. Mäerz 2026, um 19:00 Auer am Versammlungsraum vun der Sportshal zu Ettelbréck. |
Hei fënns du den Ordre du Jour:
|
|
Assemblée générale 2026.pdf | 81 KB |
Fun4Masters 2026
![]()
De Fun4Masters 2026 ass nees virun der Dir!
Opgepasst: dess Kéier ass d’Manche zu Arel aus organisatoresche Grënn eng Woch méi spéit.
KLICK HEI fir all Info a fir dech anzeschreiwen. Déi éischt 50 Participants si vir.
Mir hoffe vill Klammspannen dobei ze hunn!
Well mir de Fun4Masters organiséieren ass d’Wand vum Donneschdeg 19. Februar 2026 bis Freideg 27. Februar 2026 zou.
Falls däin Training an där Zäit fält, fro bei dengem/denger Trainer(in) no ob deen Dag eppes aneschtes virgesinn ass.
Nom Fun4Masters si lauter nei Voie fir dech prett!