Tag: Klammen

Ofschrauwe vun de Voien, 3.12.2015

imagesDonneschdeg, den 3.12.2015 ginn d’Voien ofgeschrauwt, fir den Open KSE ze préparéieren.  Et ass vill Arbecht (ofschrauwen, sënneren, raumen, botzen…).  MIR KENNEN ALL HELLEF GEBRAUCHEN! Kommt ab 17:30!  Merci un all déi, déi deen Owend dobei sinn!

de Kleeschen, 4.12.2015

weihnachtsmann_sack_nikolausFreideg, de 4.12.2015 kënnt de Kleesche bei d’Klammspann!

ALL Kiddies an Teenies déi bei eis um Training si sollen um 18:30 an d’Hal kommen.  Bréngt äer Klammsaache mat, a wanns dir gutt geklomme sidd, huet de léiwe Kleesche bestemmt eppes klenges fir iech dobei…

Klammfotoen

congoDen Alwin setzt fir de KSE-Open Foto’en zesummen, déi mir op engem Ecran weisen.

Wanns du an dénger Vakanz Klammfotoe gemaach hues, sief et am Fiels oder Indoor, kanns du him se ganz gär mailen.  Et ass flott wa mir gesinn dat eis Memberen aktiv sinn, mir sinn houfreg drop!

alwin.geimer@education.lu

villmols Merci

Virklamm-Training, 27.11.2015

fortgeschritteneFreideg, de 27.11.2015 ass um 19:30 een Training fir all déi Leit déi d’Virklamme léiere wellen.  Desen Training riicht sech unn eis Memberen ab 16 Joer.  Dir braucht iech net unzemelden. Niewend dem normale Material brauch dir nach eng Personnelle an eventuel eng Foto.

Vill Spaass