Tag: Training

d’Klammwand gett erneiert

Grnes-Licht_thumb

Mir kruuten endlech vun allen implizéierte Persounen d’Gréng Luut: eis Klammwand kann erneiert ginn!

Dat heescht dat d’Wand bis de 14. Februar (Open KSE) net accessibel ass, an dono kennt dir dann op enger total erneierter Wand mat lauter neie Voie klammen, klammen, klammen!

Neien Training fir Erwuessener

Den Henri hällt Donneschdes vun 19:30-21:00 Auer een Training fir Leit ab 16 Joer, déi schon ee bestemmten Niveau hunn a wellen dra schaffen. Fir un deem Training Deel kennen ze huelen, engagéiert een sech reegelméisseg do ze sinn an et brauch een ee Klammpartner.

Umelde kann ee sech beim Yoo Ja (661394045 oder yoojaoh@yahoo.com)

!!! Wärend deem Training ass den Escalade Libre nach méigeleg, ausser an deem Deel, dee
vum Training gebraucht get !!!