Neiegkeeten
Yoga

Screenshot
Am YOGA ginn et immens flott a gutt Übungen, déi ee bei reegelméisseger Uwendung am Klamme weider bréngen an een och viru Verletzunge schütze kënnen. Flexibilitéit, Soupless, Gainage, Gläichgewiicht, Ootmung.
De KSE proposéiert dofir sengen Adultes eng Yoga-Schnupper-Sessioun mam Anne-Sophie Prinz un, Samschdes de 16. November 2024 um 9:30. Mir hunn dono nach 3 weider Sessioune geplangt falls d’Loscht erwäscht ginn ass. D’Sessioune sinn ëmmer Samschdes Moies an der Hal an daueren 1 Stonn.
D’Anne-Sophie schwätzt franséisch an däitsch. Si gëtt Yoga-Couren a klemmt och selwer.
Du mells dech schnell iwwer TeamReach un, bréngs eng Matt mat an de KSE iwwerhëlt d’Käschte vun de Sessiounen.
Neiegkeeten
Ausflug Rocklands, Saarlouis
De KSE lued séng Memberen aus dem Adultes KSE Samschdeg, den 9. November 2024 op Saarlouis an d’Rocklands an.
De Club iwwerhëllt den Entrée an du brauchs just un déng Klammsaachen an un ee Seel ze denken! Et ass eng immens flott Hal mat schéine Vierklamm- an Topropeméigelegkeeten.
De Rendez-Vous ass um 11:30 Co-Voiturage ab Ettelbréck Hal oder ab 13:00 zu Saarlouis.
Owes: gemittlech bei engem Patt a Pizza ausklénge loossen 🙂
Schreif dech schnell am TeamReach an!
https://www.rocklands-climbing.com
Neiegkeeten
Schungverkaaf 2024
Wéi all Joer hudd dir d’Méigelegkeet Schong bei eis an der Hal ze kafen. L’Escale vun Arel komme mat puer Modelen a stinn iech mat Rot an Dot zur Säit (bezuele geet Cash oder mat Payconiq).
Rendez-Vous ass Samschdeg, den 21. September 2024 vun 10:00 – 11:30 Auer bei der Wand.